Haut op engem 12. Dezember...

Haut hätt e ganz grousse Museker Gebuertsdag gefeiert, de Frank Sinatra wier haut 105 Joer al ginn. De Sänger, Schauspiller an Entertainer Frank Sinatra gehéiert zu den aflossräichsten a bekanntste Perséinlechkeeten aus dem Showbusiness. A senger Karriär huet hien iwwer 20 Grammy-Awards an 3 Oscare gewonnen. De 14. Mee 1998 ass de Frank Sinatra un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Haut feiert dann och den däitsche Sänger Max Raabe Gebuertsdag, hie kritt der 58.

22 Joer ass et dann hir, dass den George Michael mat sengem Song Faith fir ee Mount un der Spëtzt vun den US-Charts stoung. Et war dem George Michael seng Solo Debut-Single a mat 20 Millioune Sales och di bescht verkaafte Single vum Joer 1988 an den USA.

An de Mick Jagger, Frontman vun de legendäre Rolling Stones, dierf sech zanter genee 16 Joer Sir nennen. De Britt ass um 12. Dezember 2003 am Buckingham-Palast zum Ritter geschloe ginn. Allerdéngs net vun der Queen, déi op deem Dag um Knéi operéiert ginn ass. Fir si war de Prënz Charles agesprongen.