Haut op engem 11. Dezember...

Um 11. Dezember 1977 hunn d’Bee Gees hire legendäre Song Stayin’ Alive erausbruecht. De Song war de Soundtrack zum Film Saturday Night Fever. De Soundtrack ass bis haut den erfollegräichste vun allen Zäiten.

Ee Joer méi spéit, um 11. Dezember 1978, stoung di amerikanesch Diso-Band Village Poeple mat hirem Y.M.C.A. fir ee Mount un der Spëtzt an Däitschland. Mat Song feieren d’Village People bis haut weltwäite Succès.

10 Joer ass et dann hir, dass de Kanye West et mat sengem fënneften Album My Beautiful Dark Twisted Fantasy un d‘Spëtzt vun den US-Album Charts gepackt huet. Mat drop ass ënnert anerem den Track All The Lights.

An um selwechten Dag wéi de Kanye West stoung d’Pink parallel mat Song Raise Your Glass op der 1 an de Single-Charts. Mat iwwer 110 Millioune verkaafte Placken an 3 Grammys gehéiert d’Pink zu den erfollegräichste Kënschtlerinnen iwwerhaapt.