Haut op engem 15. Dezember...

Haut viru genee 41 Joer stounge Pink Floyd mam Song Another Brick in The Wall un der Spëtzt vun de brittesche Single-Charts. Kaum ze gleewen, mee et war hiren eenzegen Number-1-Hit an hirer Heemecht Groussbritannien. De Song thematiséiert d’Ënnerdréckung vu Kanner duerch Schoulmeeschteren, esou wéi de Roger Waters vu Pink Floyd et a senger Schoulzäit an de 50er Jore selwer erlieft hat. Am Song séngt dowéinst och e Kannerchouer.

8 Joer ass et dann hir, dass d’Alicia Keys et mat sengem Girl on Fire un d’Spëtzt vun den US-Single-Charts gepackt huet. Et war den Titeltrack vum Alicia Keys sengem fënneften Album, deen am November 2012 erauskomm war.

Um 15. Dezember 2013 waren da Biffy Clyro fir e Concert hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal. Si hunn deemools hire sechsten Album Opposites presentéiert. Biffy Clyro ass eng schottesch Band ëm de Frontmann a Sänger Simon Neil, déi reegelméisseg zréck op Lëtzebuerg kënnt.

An haut virun 3 Joer hu Linkin Park hirem verstuerwene Kolleeg a Leadsänger Chester Bennington mam Live-Album One More Light Addi gesot. Hien hat sech am Juli 2017 d’Liewe geholl. Um Live-Album One More Light sinn am ganze 16 Lidder, déi den Chester Bennington am Kader vun der One More Light-Tour duerch Europa gesongen hat.