Haut op engem 21. Dezember...

Um 21. Dezember am Joer 1985 hat de Lionel Richie et mat senger Single Say You Say Me fir ee Mount un d'Spëtzt vun de US-Charts gepackt. Et war de Soundtrack zum Film White Nights – Die Nacht der Entscheidung. Am Joer 1986 sollt de Lionel Richie fir de Song en Oscar an e Golden Globe gewannen.

Genee 29 Joer ass et dann hir, dass Queen mam Mega-Hit Bohemian Rhapsody un der Spëtzt an England stoungen. De Song war u sech schonn am Joer 1975 erauskomm, ma nom Dout vum Freddy Mercury de 24. November 1991 sollt de Song et fir eng zweete Kéier op d’1 packen.

Haut virun 13 Joer stoung d’Leona Lewis mat sengem Titel Bleeding Love fir 2 Wochen un der Spëtzt vum Eldoradio Chartbreaker. Am Joer 2008 hat d’Leona Lewis mat Song weltwäit grousse Succès. En sollt deemools och zur meescht-verkaafter Single vum Joer ginn.

A 6 Joer duerno, um 21. Dezember 2013, hate London Grammar et mat der Single Strong fir zwou Wochen op d’1 vum Eldoradio Chartbreaker gepackt.