Haut op engem 23. Dezember...

Haut feiert d’Carla Bruni Gebuertsdag. Déi franséisch Musekerin kritt seng 53 Joer. Ugefaangen hat seng Karriär an den 90er Joren als Model. 2002 huet hat dunn säin Debut-Album Quelqu’un qui m’a dit erausbruecht, mat deem hat virun allem a Frankräich an an der Schwäiz groussen Erfolleg hat.

Genee 31 Joer ass et dann hir, dass de Phil Collins mat sengem Another Day In Paradise an den USA fir 3 Wochen un der Spëtzt stoung. Et war di éischt Single aus dem Phil Collins sengem Album ...But Seriously. Am Joer 1991 krut hie fir de Song och e Grammy.

An um selwechten Dag, dem 23. Dezember 1989, stoung Band Aid un der Spëtzt vun de britteschen Single-Charts. Natierlech mat hirem Do They Know It’s Christmas? De Song war schonn 1984 entstanen, nodeems de Bob Geldof e Reportage iwwert d’Hongernout an Äthiopien um Fernseh gesinn hat. Ufanks hat de Geldof driwwer nogeduecht e Chrëscht-Lidd ze coveren, huet sech awer duerno dofir entscheed, selwer e Song ze schreiwen an den Erléis dann ze spenden. Direkt huet de Geldof e puer Museker-Kollegen, dorënner de Gary Kemp an de Sting, fir säi Projet gewanne kënnen a schonn eng Woch duerno hu si Do They Know It’s Christmas verëffentlecht.

An dann nach eng Nummer 1 aus de britteschen Album-Charts. Um 23. Dezember 2012 stoung do d’Emeli Sandé mat Our Version Of Events. Et war der Musekerin säin Debut-Album a gläichzäiteg och dee meescht-verkaaften Album vum Joer 2012 a Groussbritannien.