Haut op engem 22. Dezember...

Haut sinn et 6 Joer hir, dass den Joe Cocker u Longekriibs gestuerwen ass. Säi groussen Duerchbroch konnt hien 69 um Woodstock Festival feieren. No villen Alkohol- an Drogenexzesser an de 70er Joren huet hien ufanks den 80er d’Kéier kritt a sollt duerno zum Weltstar ginn.

Um 22. Dezember 1984 hat de Ray Parker Jr. et mat sengem Hit Ghostbusters fir 5 Wochen op d’1 vun de franséischen Charts gepackt.  De Song war de Soundtrack zum Film Ghostbusters vum Ivan Reitman. De Song sollt am Joer dono och e Grammy gewannen.

An haut feiert di amerikanesch Sängerin Meghan Trainor säi 27. Gebuertsdag. Säi groussen Duerchbroch huet hat am Joer 2014 mam Lidd All About That Bass gefeiert. Rezent huet d'Musekerin och e ganz eegene Chrëscht-Album erausbruecht.

An um 22. Dezember 2012 war e ganz spezielle Concert am Atelier. Et war den allerleschten Optrëtt vun der lëtzebuergescher Band Eternal Tango. 2011 hate si ugefangen un engem neien Album ze schaffen, deen awer ni verëffentlecht ginn ass. Enn 2012 hunn di 5 Museker vun Diddeleng dunn annoncéiert, datt si sech opléise géifen.