Haut op engem 20. Dezember...

Um 20. Dezember 1986 stoungen d’Bangles mat hirem Hit Walk Like An Egyptian fir ee Mount un der Spëtzt vun den US-Charts. Et war eng Single-Auskopplung vum zweete Bangles-Album Different Light an och hir alleréischt Number-1-Single.

Haut feiert dann déi amerikanesch Musekerin a Schauspillerin JoJo Gebuertsdag. Bekannt ass hat virun allem duerch seng Single Leave (Get Out). Am Oktober 2004 hat d’JoJo et am Alter vun nëmmen 13 Joer mat dëser Single un d'Spëtzt vun den Charts gepackt. Domat war hat déi jéngste Kënschtlerin mat engem Nummer 1 Hit an den USA.

Genee 12 Joer ass et dann hir, dass d’Katy Perry mat sengem Hot ‘n Cold fir 3 Wochen op der 1 vun eisem Eldoradio Chartbreaker stoung. Et war déi zweet Single-Auskopplung aus sengem Debut-Album One Of The Boys.

An haut viru 7 Joer war de belsche Museker a Produzent Stromae hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal. Hien huet deemools säin zweeten a bis haut och leschten Album Racine Carrée presentéiert.