Haut op engem 19. Dezember...

Haut hätt di franséisch Sängerin Edith Piaf Gebuertsdag gefeiert. Si ass um 19. Dezember am Joer 1915 zu Paräis op d’Welt komm. Zu hire gréissten Erfolleger zielen La Vie En Rose, Milord an Non, je ne regrette rien. D’Édith Piaf sollt nëmmen 48 Joer al ginn, si ass um 10. Oktober 1963 gestuerwen.

An och den amerikanesche Museker Maurice White hätt haut Gebuertsdag gefeiert. De Grënnungsmember an Drummer vun der Band Earth, Wind & Fire wier haut 79 Joer al ginn. Earth, Wind & Fire si virun allem bekannt, duerch d'Songs September oder Let’s Groove. Am Joer 2000 sinn Earth, Wind & Fire an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn. No laanger Krankheet ass de Maurice White am Februar 2016 gestuerwen.

Um 19. Dezember 1977 ass den däitsche Rapper Samy Deluxe zu Hamburg op d’Welt komm.  Mat iwwer enger Millioun verkaafte Placken ass hien ee vun deene kommerziell-erfollegräichsten däitsche Rapper.

33 Joer nom Release ass dem Michael Jackson säin Album Thriller mat iwwer 30 Millioune Sales haut viru 5 Joer zum meescht–verkaaften Album an den USA ginn.  Bei de Grammy Awards am Joer 1984 hat de Michael Jackson ganzer 8 Präisser gewonnen, dat ass absolute Rekord.