Haut op engem 18. Dezember...

Haut feiert d’Sia säi 45. Gebuertdag. Hat ass um 18. Dezember 1975 zu Adelaide an Australien op d’Welt komm.

Nieft dem Sia feiert dann och nach d’Christina Aguilera Gebuertsdag, hat kritt der 40.

An och eng vun den erfollegräichste Kënschtlerinnen eiser Zäit gëtt haut ee Joer méi al. D’Billie Eilish kritt seng 19 Joer.

Genee 16 Joer ass et dann hir, dass den Jay Z a Linkin Park mat hirem Numb/Encore fir ee Mount un der Spëtzt vum Eldo Chartbreaker stoungen. Bei de Grammy Awards 2006 huet de Song och e Präiss gewonnen.

An haut virun 11 Joer stoung d’Aura Dione mat sengem Titel I Will Love You Monday un der Spëtzt vun den däitschen Charts. De Song war um Aura Dione sengem Debut-Album Columbine drop.