Haut op engem 17. Dezember...

Haut feiert den italieneschen DJ a Musekproduzent Gigi D’Agostino säin 53. Gebuertsdag. Hien ass ee vun de bedeitendste Kënschtler aus der italienescher Elektro-Szene. Am Januar 2018 huet hien zesumme mam Dynoro de weltwäite Mega-Hit In My Mind erausbruecht. A 25 Länner huet de Song et un d'Spëtzt vun den Charts packen. Dëst Joer huet hin mam Song Hollywood nogezunn.

Genee 24 Joer ass et dann hir, dass de Coolio mat sengem Gangsta’s Paradise fir ganzer 9 Wochen an Éisträich un der Spëtzt stoung. Fir d’Melodie hat de Coolio sech um Stevie Wonder senger Single Pastime Paradise inspiréiert.

An um 17. Dezember 2002 huet d’Pink seng Single Family Portrait erausbruecht. De Song ass vum renomméierten, amerikanesche Produzent Scott Storch produzéiert ginn. Et war eng Single-Auskopplungen vum Pink sengem zweeten Album Missundaztood, dee sech weltwäit ronn 15 Millioune Mol verkafe konnt.

An dann nach eng Nummer 1 aus eisem Eldoradio Chartbreaker. Do stoungen um 17. Dezember 2011 de Gotye an di neiséilännesch Sängerin Kimbra mat hirem Hit Somebody That I Used To Know fir 5 Wochen ganz uerwen. De Song sollt 2013 zwee Grammys gewannen.