Haut op engem 16. Dezember...

Haut feiert den amerikanesche Rapper Flo Rida säin 41. Gebuertsdag. De Tramar Dillard, ewéi hie mat biergerlechem Numm heescht, ass um 16. Dezember 1979 am Bundesstaat Florida op d’Welt komm. Dohier kënnt och säi Kënschtlernumm. Mat iwwer 100 Millioune verkaafte Placken gehéiert de Flo Rida zu deenen erfollegräichste Kënschtler iwwerhaapt.

An och di schwedesch Pop-Sängerin Zara Larsson feiert haut Gebuertsdag, hat kritt der 23. Bekannt ginn ass hat am Joer 2008, ewéi hat am Alter vun nëmmen 10 Joer di schwedesch Versioun vun der Casting-Show Got Talent gewanne konnt.

Um 16. Dezember am Joer 1972 stoung de Billy Paul mat sengem Me and Mrs. Jones fir ganzer 3 Wochen un der Spëtzt vun de US-Charts. Am Song geet et ëm eng geheim Affär tëscht engem Mann an enger mi jonker Fra, déi sech all Dag an deem selwechte Café treffen. Am Joer duerno huet de Billy Paul fir de Song e Grammy gewonnen. Me and Mrs. Jones sollt direkt vun e puer Kënschtler gecovert ginn, ënnert anerem am Joer 2007 vum Michael Bublé.

An haut virun 9 Joer stoung den James Arthur mat sengem éischte groussen Hit Impossible un der Spëtzt vun de UK-Charts. Mat deem Song hat hien am selwechte Joer d’Casting Show The Voice UK gewonnen. Bis haut huet de Museker iwwer 25 Millioune Placke verkafen.