Haut op engem 24. Dezember...

Haut feiert de puerto-ricanesche Museker a Schauspiller Ricky Martin Gebuertsdag. Hien kritt seng 49 Joer Am Laf vu senger Karriär huet de Ricky Martin ronn 60 Millioune Placke verkaaft.

Um 24. Dezember am Joer 1976 haten d’Eagles et mat hirem Album Hotel California op d’Plaz 1 an den amerikanesche Billboard-Charts gepackt. Fir ganzer 8 Wochen um Stéck konnte si sech op der Eent halen. De Song huet sech ronn 45 Millioune mol verkaaft an ass domat dee kommerziell erfollegräichsten Album vun den Eagles. D’Lidd  sollt am Joer 1978 e Grammy gewannen.

An de richtege Chrëschtcadeau kann heiansdo e Liewe bestemmen. E 14 järege Paul McCartney sollt haut virun 63 Joer vu sengem Papp eng Gittar geschenkt kréien. Am Joer duerno hat hien den John Lennon kennegeleiert an ugefange mat him Musek ze maachen. 3 Joer méi speit, also am Joer 1960 sollte si d’Beatles grennen. De Rescht ass Geschicht!

An op Hellegowend virun 4 Joer stoung de Calum Scott mam Titel Dancing on my own fir eng Woch an eisem Eldoradio Chartbreaker op der Eent. Bekannt ginn ass de Museker am Joer 2015 duerch seng 6. Plaz an der Talentshow Britain’s Got Talent.