Haut op engem 26. Dezember...

Haut feiert den dänesche Batteur Lars Ulrich Gebuertsdag, de Grënnungsmember vun der Band Metallica kritt haut 57 Joer. Si gehéieren zu deenen erfollegräichste Metal-Bands weltwäit. Si hunn an hirer Karriär iwwer 110 Milliounen Albe verkaaft an och ganzer 9 Grammys gewonnen.

An haut um zweete Chrëschtdag gëtt och den Jared Leto e Joer méi al. Hie kritt der 49. Zesumme mat sengem Brudder Shannon huet den Jared Leto am Joer 1998 d’Band 30 Seconds To Mars gegrënnt. Virun allem mat hirem zweeten Album A Beautiful Lie konnte si grouss Erfolleger feieren. Den Jared Leto ass och als Schauspiller aktiv a krut ënnert anerem en Oscar fir di beschten Nieweroll am Film Dallas Buyers Club.

For Those About To Rock, We Salute You, een Titel, dee bei kengem AC/DC Live-Concert feelen dierf. Haut virun 39 Joer hat di australesch Band et mam Album zum Lidd op d’Eent an den USA gepackt. Si konnte sech am Ganze fir 3 Woche op där éischter Plaz halen. De Song ass eng Ofwandlung vum laténgesche Sproch Morituri Te Salutant also Die Todgeweihten grüßen dich, mat deem réimesch Gladiatoren de Keeser an der Arena begréisst hunn.

An um 26. Dezember virun 13 Joer ass dem Amy Winehouse säin zweeten Album Back To Black zum meescht-verkaaften Album vum Joer 2007 ginn. Den Album ëm d’Lidder Rehab a Back To Black huet 5 Mol Platin kritt a war fir 6 Grammyen nominéiert wouvunner d’Amy Winehouse ee gewanne konnt.