Haut op engem 25. Dezember...

Haut feiert di brittesch Sängerin Dido Gebuertsdag, hat kritt der 49. Säi groussen Duerchbroch konnt hat am Joer 2000 feieren, ewéi den Eminem e Sample vu sengem Lidd Thank You fir säin Hit Stan benotzt huet. Doropshinn sinn dem Dido seng Singelen Here With Me an Thank You zu Milliouneseller ginn.

A Chrëschtdag ass den Doudesdag vun de Musekslegenden George Michael, Dean Martin an James Brown. Den Dean Martin ass am Joer 95 am Alter vu 78 Joer un de Suite vu Longekriibs verstuerwen.

Den James Brown ass am Joer 2006 op Chrëschtdag verscheed. De Godfahter of Soul ass 73 Joer al ginn. En Zänndokter hat säi ganz schlechte Gesondheetszoustand bemierkt an huet hien an d’Spidol geschéckt. Um 25.12.2006 huet säin Herz am Spidol opgehale mat schloen.

An den George Michael ass haut 3 Joer dout. 53 Joer sollt hien kréien. Hien ass un enger Herzmuskelentzündung an enger Fettliewer verstuewen.

An op Chrëschtdag viru 6 Joer stoung den Ed Sheeran mat sengem Album X op der Eent a Groussbritannien. Et war dem Museker säin zweeten Album, fir deen hien och e BRIT Award krut.