Haut op engem 27. Dezember...

Haut viru 45 Joer hate Queen et mat hirem Album A Night At The Opera op d’Eent an de UK-Charts gepackt, dat am Ganze fir 2 Wochen. Den Titel staamt vum Film vun der Komikergrupp Marx Brothers aus dem Joer 1935, deen d’selwecht heescht. Um Album ass ënnert anerem de legendäre Song Bohemian Rhapsody.

Haut um 27. Dezember feiert dann d’Frontfra vun der Band Paramore Gebuertsdag. D’Hayley Williams kritt haut 32 Joer. Am Laf vun hirer Karriär huet d'Band 5 Alben erausbruecht an 2015 och e Grammy gewonnen.

Genee 12 Joer ass et dann hir, datt d’Beyoncé et mat sengem Titel Single Ladies (Put A Ring On It) op d’Eent an den amerikanesche Single-Charts gepackt hat. Och haut nach ëmmer e Klassiker op all Party. 2010 konnt d’Beyoncé mam Song ganzer 3 Grammys gewannen.

An um 27. Dezember 2013 stoungen d’Kesha an de Pitbull mat hirem Song Timber fir zwou Wochen op där éischter Plaz an den däitsche Single-Charts.