Haut op engem 28. Dezember...

Haut feiert den John Legend Gebuertsdag, en amerikaneschen R&B Museker kritt 42 Joer. Mat ronn 10 Millioune Sales gehéiert seng Single All Of Me zu sengen erfollegräichste Releases. De Song war um John Legend sengem véierten Album Love In The Future aus dem Joer 2013 drop. Am Laf vu senger Karriär huet den John Legend 10 Grammys, 1 Golden Globe, 1 Tony Award an och 1 Oscar gewonnen an ass domat ee vun nëmme 15 Leit, déi di 4 Präisser an hirem Liewe gewanne konnten.

17 Joer ass et dann hir, datt dem 50 Cent säin Debut-Album Get Rich Or Die Tryin an den USA zum meescht-verkaaften Album vum Joer 2003 ginn ass. De Longplayer behandelt d’Gewalt an d’Drogeproblematik am New Yorker Ghetto-Quartier South Jamaica.

Um 28. Dezember 2014 haten et dann de Mark Ronson an de Bruno Mars mat hirem Uptown Funk op d’Eent an de brittesche Single-Charts gepackt. D'Lidd sollt a Groussbritannien am Joer 2015 zum meescht-verkaafte Song ginn an di zwee Kënschter konnte mam Song och 2 Grammys gewannen.

An haut viru 5 Joer huet de brittesche Museker Paul Walden eis fir ëmmer verlooss, besser bekannt ass hien ënnert sengem Kënschtlernumm Guru Josh. Ufanks den 90er Joren hat hie mat senger Single Infinity groussen Erfolleg an Europa, virun allem bekannt ass awer wahrscheinlech d’2008er Versioun déi hien zesumme mat e puer anere Museker ënnert dem Numm Guru Josh Project erausbruecht hat.