Haut op engem 30. Dezember...

Um 30. Dezember 1967 stoungen d’Beatles mam Song Hello Goodbye fir 3 Wochen un der Spëtzt vun de britteschen Charts. Et war den éischte Release nom Dout vun hirem Manager Brian Epstein.

Haut feieren dann direkt 4 grouss Museker Gebuertsdag.

Ugefaange mat der Godmother of Punk, dem Patti Smith. Hat kritt seng 74 Joer.

An de Frontmann vun der däitscher Hip-Hop-Grupp Fanta Vier, den Thomas D, kritt der haut 52.

Den 51. ass et dann haut fir den Jay Kay, de Sänger vun Jamiroquai ass um 30. Dezember 1969 zu Greater Manchester an England op d’Welt komm. Mat Jamiroquai konnt den Jay Kay bal 30 Millioune Placke verkafen.

An di brittesch Singer/Songwriterin Ellie Goulding feiert haut 34 Joer.

An haut sinn et 9 Joer hir, dass de Gotye an d’Kimbra mam Song Somebody That I Used To Know an Däitschland op der 1 stoungen. Fir de Song sollt den Duo 2013 zwee Grammy Awards gewannen.