Haut op engem 31. Dezember...

Haut op Sylvester hätt d’Disco-Queen Donna Summer säin 72. Gebuertsdag gefeiert. Zesumme mam Produzent Giorgio Moroder huet hat den Disco-Sound mat Songs wéi Love To Love you Baby, Hot Stuff oder I Feel Love revolutionéiert. Am Mee 2012 ass d’Donna Summer am Alter vun 63 Joer u Longekriibs gestuerwen. Am Joer drop ass d’Donna Summer posthum an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn.

Um 31. Dezember 1966 stoung dann déi amerikanesch Pop-Grupp The Monkees mam Song I’m A Believer fir ganzer 7 Wochen un der Spëtzt an den USA. De Song gouf vum Neil Diamond geschriwwen.

47 Joer sinn et dann hir, dass den Angus an de Malcolm Young AC/DC gegrënnt hunn. D'Band zielt zu de Pionéier vum Hard Rock-Genre. Am Laf vun hirer Karriär hunn si iwwer 200 Millioune Placke verkaaft a stinn domat op der Plaz 14 vun de Best-Selling Artists of all Time.

An haut feiert de südkoreanesche Kënschtler Psy säin 43. Gebuertsdag. Säi Gangnam Style war um 21. Dezember 2012 den éischte Video, dee méi ewéi eng Milliard Views op YouTube erreecht hat.