Haut op engem 29. Dezember...

Um 29. Dezember 1973 stoung den Jim Croce mat senger Single Time In A Bottle fir 2 Wochen un der Spëtzt vun den amerikanesche Single-Charts. Hien war e Singer-Songwriter, dee vu 1966 bis 1973 fënnef Alben an eelef Singelen erausbruecht hat. Am Alter vun nëmmen 30 Joer ass de Croce bei engem Fligeraccident ëm d’Liewe komm.

36 Joer ass et dann hir, datt Band Aid et mat hirem Do They Know It’s Christmas op déi éischte Plaz an de brittesche Single-Charts gepackt haten. Parallel stoung d’Madonna mat sengem Mega-Hit Like a Virgin fir 6 Wochen un der Spëtzt.

Haut virun 14 Joer stoung dann d’Nelly Furtado mam Song All Good Things op der 1 vun den däitschen Charts. Et war déi drëtt Single-Auskopplung vum Nelly Furtado sengem drëtten Album Loose. Um Song haten ënnert anerem den Timbaland an de Coldplay-Frontmann Chris Martin matgeschafft.

Zum Schluss nach an d‘Joer 2013. Hei stoung kuerz viru Silvester de Pharell Williams mat sengem Mega-Hit Happy un der Spëtzt an England.