Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Den 6. Dezember 1969, also virun genee 46 Joer  sinn Led Zeppelin fir d’éischt an hirer Carrière an den amerikaneschen  Charts gelant. Hir Single „Whole Lotta Love“ huet sech op Plaz 4 an den Charts klasséiert. Led Zeppelin gehéieren zu Pionnéier vum Hard Rock a mat 300 Milliounen verkaaften Alben ass et eng vun den erfollegräichsten Bands iwwerhaapt.

Virun 29 Joer ass di schwedesch Hardrockband  Europe un der Spëtzt vun den engleschen Charts gelant mat hirer Single “The Final Countdown”. Et war réischt di 2. schwedesch Band iwwerhaapt déi en Nummer-1-Hir an England hat. D’Lidd war am ganzen a 25 Länner op Plaz 1 vun den Charts a war dat erfollegräichst Lidd an der Carrière vun Europe.

Virun 7 Joer ass d’Beyoncé un der Spëtzt vun den amerikaneschen Charts gelant mat « I am Sasha Fierce »- deen 3. Studioalbum vun der amerikanescher R’n‘B-Sängerin. Fir deen Album huet d’Beyoncé och 5 Grammy’en gewonnen. Eng vun den erfollegräichste Singelen heirobber war den Titel „Single Ladies“.

A virun 2 Joer war de Patrice fir e Concert live am Atelier. Virun ronn 900 Fans huet hien säi bekannte Mix  aus Reggae, Soul, HipHop presentéiert.