Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Virun 36 Joer war The Police un der Spëtzt vun den engleschen Singlecharts mat  “Walking on the Moon”. De Police-Sänger Sting sot, hien hätt d’Lidd geschriwwen, wéi hien no engem Concert ze vill gedronk hat.  Do wier him sou een dommen Titel agefall wéi “Walking on the Moon”. D’Resultat war eng Plaz 1 an den engleschen Charts.

Virun24 Joer war de Michael Jackson un der Spëtzt vun den amerikaneschen Charts mat „Black or white“. Et war di éischt Single vum Album „Dangerous“ an d’Lidd soll de Message vermëttelen, dass d’Mënschen vun allen Hautfaarwen gläich sinn. D’Lidd gouf a ville Länner op der Welt en Nummer-1-Hit a ass mat 5 Milliounen verkaaften Exemplairen eent vun de Lidder déi sech am beschte verkaf huet.

Viru 7 Joer war d’Leona Lewis un der Spëtzt vun den engleschen Charts mat „Run“- ee Cover vun Snow Patrol. Am Leona Lewis senger Versioun  gouf et dat Lidd, wat sech a Groussbritannien am digitale Format am séierste verkaf huet.

Virun 8 Joer war di kalifornesch Band  Maroon 5 fir e Concert live an der Rockhal. An de Repertoire vun der Band gehéieren Nummer 1-Hits wéi zum Beispill „This love“ oder „Sunday Morning“.