Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Virun 35 gouf den John Lennon virum Dakota Building zu New York vum Attentäter David Chapman erschoss. De Schock an der Musekswelt war grouss. Seng Musek huet dono weltwäit Spëtzepositiounen an den Charts erreecht. Weltwäit bekannt gouf den John Lennon als Sänger a Gittarist vun de Beatles. No der Opléisung vun der Band huet hien eng erfollegräich Solocarrière gestart mat ënner anerem dësem Lidd

Virun 36 Joer waren  Frankie Goes To Hollywood un der Spëtzt vun den engleschen Singlecharts mat hirer Ballade “The Power Of Love”. Et war fir di britesch Band di 3. Single hannerteneen déi op Plaz 1 vun den engleschen Charts gelant ass

Virun 12 Joer hat den Eminem an England den Nummer 1 Hit „Loose Yourself“. Ze fannen um Soundtrack vum Film “8 Miles”. D‘Lidd gouf och mat engem Grammy fir dee beschte Hiphop-Song ausgezeechent a fir déi bescht „Männlech Solo-Performanence“.

Den Jim Morrison gouf den 8. Dezember 1943 gebuer a wier haut 72 Joer al ginn. Hien gouf am Alter vun 27 doud an sengem Hotelszëmmer fonnt. Di genee Doudesursaach ass bis haut ëmstridden. Och d’Sinead O‘ Connor huet haut Gebuertsdag a feiert seng 49. Di amerikanesch Rapperin Nicki Minaj gëtt haut 33 Joer al.