Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Di amerikanesch Band Chic war virun  37 Joer un der Spëtzt vun den amerikaneschen Singlecharts mat hirem Disco-Song 'Le Freak.' D’Lidd baséiert op engem Erliefnis dat d‘Museker an enger Silvesternuecht haten. An zwar goufen si net an de Backstage-Beraich vum Studio54 era gelooss. Den Türsteher huet hinnen net gegleeft dass si invitéiert waren  an huet se mat de Wieder „Fuck off“ nees fort geschéckt. Aus deene Wieder hunn d’Museker den Text „Freak out“ gemaach an doraus ass ee groussen internationalen Hit entstanen.

Virun 26 Joer war de Billy Joel un der Spëtzt vun den amerikaneschen Charts mat der Single 'We Didn't Start The Fire' – een aussergewéinlecht Lidd - am Text gi just Wieder hannerteneen gesat iwwer méi oder manner wichteg Momenter aus der Geschicht- vum Billy Joel sengem Gebuertsjoer  bis zum Datum wou d’Lidd eraus koum.

Virun 20 Joer hat de Michael Jackson seng 6. Nummer -1 Single a Groussbritannien. Säin 'Earth Song' war 6 Wochen un der Spëtzt vun den Charts an déi Single vum Museker déi sech an Groussbritannien am beschte verkaf huet.

Viru 4 Wochen war d’Lana Del Rey un der Spëtzt vun den däitschen Charts mat „Video Games“. Et ass dat Lidd mat deem d‘Lana del Rey den internationalen Duerchbroch hat.