Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Virun 32 Joer  war ee Lidd vum Paul McCartney an Michael Jackson un der Spëtzt vun den amerikaneschen Singlecharts. Den Duett “Say Say Say”. Fir den Michael Jackson war et deen 10. Nummer 1 Hit, an fir de Paul McCartney deen 29. Titel un der Chartsspëtzt.

Di britesch Band Duran Duran war virun 31 Joer un der Spëtzt vun den däitschen Charts mat „The Wild Boys“. E war eent vun den erfollegräichste Lidder fir dëse Quartett.

Virun 15 Joer ass den Eminem op Plaz 1 vun den engleschen Charts gelant mat der Single „Stan“. Am Lidd erzielt den Eminem d’Geschicht vun engem Fan deen him schreift awer keng Äntwert kritt. De Refrain gëtt iwwregens vun der Sängerin Dido gesongen

D‘Katie Melua huet sech mat 11 Milliounen verkaaften Exemplairen fest an der Museksszene etabléiert.  Virun 2 Joer war hatt am Kader vu senger Tour och zu Lëtzebuerg- den 10. Dezember hatt seng gréissten Hits live an der Rockhal gespillt.

De Brian Molko huet haut Gebuertsdag. De Sänger vu Placebo kritt haut 43 Joer.