Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Viru 34 Joer waren Human League un der Spëtzt vun den briteschen Charts mat hirer Single „Don't You Want Me“. Et war deen eenzegen Nummer1 Hit fir des Band an dat Lidd dat sech an deem Joer 1981 am beschte verkaf huet. De Sänger  selwer huet d’Lidd awer perséinlech sou schlecht fonnt dass et et di lescht Plaz um Album gelant ass.

Virun28 Joer huet den George Michael sech ganz fir an den amerikaneschen Charts klasséiert. Seng Single „Faith“ ass un der Spëtzt vun de Billboard Charts gelant, et war eent vun de Lidder déi sech an deem Joer am beschte verkaf hunn

Den Eminem war virun 13 Joer un der Spëtzt vun den englesche Singlecharts mat „Lose Yourself“, - een Extrait aus dem Soundtrack vu sengem Film „8 Mile“.

An de Max Raabe huet haut Gebuertsdag, den däitsche Sänger kritt 53 Joer.