Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Virun 39 Joer war d’Discoband Boney M un der Spëtzt vun den däitschen Charts mat “Daddy Cool”. Mat 800.000 verkaaften Exemplairen war di kommerziell erfollegräichst Single 1976 an Däitschland. Weltwäit goufen eng Millioun Kopien ofgesat.

Virun 33 Joer waren Culture Club op Plaz 1 an Däitschland mat “Do You Really Want to Hurt Me”. D’Lidd war een internationalen Tophit an huet der Band de weltwäiten Duerchbroch bruecht.

Virun 3 Joer ass di däitsch Popband Silbermond live an Rockhal opgetrueden. Am grousser Sall hunn si hiren Album “Himmel auf” presentéiert, grad wéi hir méi al Hits.

D’Taylor Swift huet haut Gebuertsdag. Deen amerikanesche Megastar  kritt 27 Joer. Mat iwwer 26 Millioune verkaaften Alben ass et elo schonn eng vun den erfollegräichste Sängerinnen weltwäit. Gebuertsdag feiert och den Heino. Den däitschen Schlagersänger kritt 77 Joer .