Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Den amerikanesche Soulsänger Marvin Gaye war virun 47 Joer fir d’éischte Kéier un der Spëtzt vun den amerikaneschen Charts mat "Heard it through the grapevine". D’Original staamt vun Smokey Robinson & the Mircacles – wat vill Leit awer net wëssen, well des Versioun iwwer 30 Joer onverëffentlecht an den Archive louch. Dem Marvin Gaye seng Versioun war deen éischte Cover vum Lidd. Dono gouf d’Lidd awer nach ganz oft nei interpretéiert- ënner anerem  vun The Temptations Joe Cocker, an Amy Winehouse

Virun 24 Joer war de Michael Jackson un der Spëtzt vun den amerikaneschen Albumcharts mat sengem 8. Studioalbum „Dangerous“. Dëst Wierk huet sech iwwer 32 Millioune mol verkaf an ass ee vun den erfollegräichsten  Alben vun allen Zäiten. 9 Singelen goufen aus dem Album ausgekoppelt.

Virun 10 war eng Kultband aus den 80er Joeren live zu Lëtzebuerg. Duran Duran ware live ze gesinn a sollten u sech am Atelier spillen. Well de Concert no 24 Stonne sold out war, gouf hir Show an d’Escher Rockhal verluecht.

De Bela B vun der Band Die Ärzte huet haut Gebuertsdag. Den däitsche Rockmuseker kritt 53 Joer.