Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Number One fir ganzer 5 Wochen haut viru genee 36 Joer fir Pink Flyod an „Another Brick in The Wall (Part2)“. Et soll bis haut den eenzege Number One Hit fir d’Briten an hirer Heemecht bleiwen.

D’Soul Legend James Brown ass haut viru 27 Joer zu 6 Joer Prisong veruerteelt ginn. De Museker hat onerlaabt eng Waff bei sech gedroen an e Polizist ugegraff. Vun de 6 Joer Prisong sollt hien der awer nëmmen 2 Joer hanner Gittere verbréngen.

Haut op den Dag ass et 2 Joer hir dat Biffy Clyro zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt hunn. D’Schottesch Band ëm de Sänger Simon Neil hat an dem Joer hiren Album "Opposites" erausbruecht. Den Album ëm den Hit „Black Chandelier“ sollt e Number One Album ginn.