Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Dem Billy Joel säin 11 Studio Album “Storm Front” ass haut viru 26 Joer op d’Plaz un der Sonn vun de US Album Charts geklommen. Um Album mat drop ass säin Hit „We Didn’t Start The Fire“. Dat Lidd zielt all di historesch a politesch Events, wéi och Trends vum Joel senger Gebuert am Joer 49 bis 1989 op. „We Didn’t Start The Fire“ sollt och e Number One Hit ginn.

De Robbie Williams an d Nicole Kidman hu sech viru 14 Joer un den Hit „Somethin‘ Stupid“ erugetraut. D’Lidd ass um 16 Dezember 2001 zu engem Number One Hit an England ginn. Den Original war aus dem Joer 1960 ma d’Lidd gouf erreicht duerch de Frank Sinatra a seng Duechter Nancy Sinatra weltbekannt.

Den James Arthur huet virun 3 Joer di britesch Casting Show The X-Factor gewonnen. Um Dag vun haut ass hien eng éischte Kéier op d’Plaz 1 vun den Charts a senger Heemecht geklommen. D’Single „Impossible“ huet sech an der éischter Woch 490.000 mol verkaf. Keng aner Single hat am Joer 201 esou e Start higeluecht.