Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Den Hawaiianesche Museker mam laange Numm, den Israel Kamakawiwo’ole ass haut viru 5 Joer op d’Plaz 1 vun den däitsche Single Charts geklommen. Säin Hit „Somewhere over the Rainbow“ sollt 3 Wochen ganz uewe bleiwen, ma Ugangs 2011 ass d’Lidd nach eemol fir 9 Wochen un d’Spëtz vun den däitsche Single Charts geklommen. Den Hit war amfong schonn am Joer 1993 erauskomm, 2010 hunn d’Labelen Universal Music a B1 Recordings sech d’Rechter vum Lidd geséchert, et nei eraus bruecht an e mega Hit gelant. De Kamakawiwo’ole huet dovunner awer näischt méi matkritt, hien ass am Joer 1997 am Alter vun 38 Joer verstuerwen. De Museker hat tëschenduerch 343 kg op d’Wo bruecht an ass un Otemnout verstuerwen.

Am Eldo Chartbreaker gouf et haut viru 4 Joer eng nei Nummer 1. De Gotye an d’Kimbra si mat „Somebody That I Used To Know“ vun Iech fir ganzer 5 Wochen op d‘1 gewielt ginn. D’Lidd huet 2 Grammy’e kritt, ënnert anerem fir den Hit vum Joer 2011. D’Lidd huet sech weltwäit knapp 12 Millioune mol verkaf.

Am Joer vum Release vu sengem 2 Studio Album „21“ ass d’Adele haut virun 3 Joer zu der Billboard Artistin vum Joer gewielt ginn. Säin Album war de meeschtverkaaftene vum Joer 2011 an 2012. E Grammy Award krut et fir den Album vum Joer.