Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Viru genau 11 Joer kaum eng Kollaboratioun eraus, wou sech vill Fans drop gefreet hunn. An erfollegräich war se och. Den Jay Z huet mat Linkin Park e Mashup Album erausbruecht mam Titel Collision Course. 6 Lidder hu si geschmescht, dorënner den Hit „Numb Encore“ an dat Lidd ass um 18 Dezember 2004 fir 4 Wochen vun Iech un d’Spëtz vum Eldo Chartbreaker gewielt ginn.

Bei eisen däitsche Noperen, ass eng Nopesch vun hinnen um 18 Dezember 2009 fir eng Woch un d’Chartspëtz geklommen. D’Dänin Aura Dione huet mat „I Will Love You Monday“ den Duerchbroch gepackt. D’Lidd huet Platin kritt, ënnert anerem an Däitschland an ass um Dag vun Haut och bei hinnen op d’Plaz 1 vun de Single Charts geklommen. 1 Woch sollt d’Aura Dione sech uewen halen.

An d’Sia huet haut Gebuertsdag. Di Australesch Sängerin kritt 40 Joer !
Enn Januar bréngt d’Sängerin e 7 Album mam Titel „This Is Acting“ eraus. Drop ass och säin aktuellen Hit „Alive“.

D’Christina Aguilera huet haut Gebuertsdag. D’Sängerin kritt 35 Joer. Als Schauspillerin ugefangen, huet d’Christina Maria Aguilera 1998 e Plackekontrakt kritt, en Album erausbruecht a mat „Genie in a Bottle“ direkt e mega Hit gelant.