Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

E vun enge sellege Number One Hits fir d’Rihanna gouf et haut viru 6 Joer hei zu Lëtzebuerg, an eisem Eldoradio Chartbreaker. Mat äre Stëmme sollt de Song fir eng Woch un der Spëtz bleiwen. D’Lidd war um Album Rated R drop an et huet an England an an den USA awer net un d’Spëtz gepackt. Do sinn d’Plazen 2 respektiv 9 dobäi. erausgesprongen.

Um 19 Dezember 2012 gouf bekannt, wei ee Museker am Joer 2012 déi erfollegräichsten Tour hat. Ganz fir stoung d’Madonna. Seng MDNA World Tour huet 228 Milliounen Dollar agespillt, nodeems 1,6 Millioune Leit hat a 65 Länner op der Welt gesinn hate spillen. De Bruce Springsteen hat an dem Joer 198 Milliounen Dollar agespillt a koum op der 2. Plaz.

1 Joer ass et hir dat de franséischen DJ David Guetta op e Neits an Däitschland d’Charts erklommen huet. Mam US-Amerikanesche Sänger Sam huet hien et 6 Wochen un der Spëtz ausgehalen. D’Lidd war no „Shot Me Down“, „Bad“ a „Lovers on The Sun“ de 4 Release vum Guetta sengem 6. Album Listen.