Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

29 Joer ass et haut hir dat The Bangles e 4 Woche Stint op der Plaz 1 vun de US Single Charts ugetrueden hunn. D’Lidd  „Walk Like An Egyptian“  war op hirem 2. Album “A Different Light” mat drop an huet sech e puer Millioune mol weltwäit verkaf. Um Album drop war och hiren Hit “Manic Monday”.

Auszeechnung, oder och net haut viru 16 Joer fir de Noel Gallagher. Deemools nach bei Oasis hunn di britesch Guitar Magazine Lieser hien als meescht iwwerschaten Gittarist vun allen Zäite gewielt. Als beschte Gittarist gouf den Jimi Hendrix gewielt.

2 interessant Concerten op engem 20-12 an de leschte Joeren hei zu Lëtzebuerg. 2009 War de Marilyn Manson an der Rockhal, 2013 de Stromae an der Rockhal.

D’Sängerin Anita Ward kritt haut 59 Joer. D’Anita Ward hat am Joer 1979 e Mega Hit mat „Ring My Bell“. D’Lidd war eng Number One vun de US Billboard Charts, och an England huet hat et un d’Spëtz gepackt. Et kann ee säin Hit als One-Hit-Wonder bezeechnen. Et ass nämlech ni méi eppes vun him nokomm.