Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

D’Band Queen ass haut viru 24 Joer fir 5 Wochen op d’Plaz 1 vun de UK Single Charts geklommen. D’Lidd “Bohemian Rhapsody” war um Album „A Night at the Opera“ drop an ass schonn am Joer 1975 erauskomm a war och schonn dunn e Number One Hit ginn. Ma um 24. November 91 ass de Sänger vun der Band, de Freddie Mercury verstuerwen. Doropshin huet „Bohemian Rhapsody“ et eng 2 Kéier un d’Spëtz vun den Charts gepackt.

Den 21 Dezember 2012 war den Dag vum „Gangnam Style“. De Video-Clip vum Koreaner Psy sengem Song sollt um Dag vum Haut den éischte Video sinn, deen op Youtube d’Grenz vun den 1 Milliard Klicks knackt. An iwwer 30 Länner sollt d’Lidd e Number One Hit ginn, och zu Lëtzebuerg.

Pünktlech fir de Joreswiessel si London Grammar haut virun 2 Joer op d’Plaz 1 vum Eldo Chartbreaker geklommen. De briteschen Trio huet an Australien an op der britescher Insel Platin fir hiren Debüt-Album „If You Wait“ kritt. Drop war déi Single déi am leschten Chartbreaker vum Joer 2013 op d‘1 geklommen ass. D’Lidd „Strong“ sollt sech och um éischte Samschde vum Joer 2014 un der Spëtz halen.