Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Number One fir 2 Wochen am Eldo Chartbreaker haut virun 8 Joer fir d’Leona Lewis a säi Mega Hit “Bleeding Love”.  Nummer 1 an Däitschland um nämmlechten Dag am Joer 2003 fir d’Black Eyed Peas a „Shut Up“. Um 22 Dezember 1998 hate Run DMC déi Plaz mat “It’s Like That” ageholl.

Virun 3 Joer hunn Eternal Tango um 22 Dezember am Atelier gespillt. Et sollt de leschte Concert vun der Lëtzebuerger Band sinn.

Haut ass den éischten Doudesdag vum Joe Cocker. Dem Museker ass um legendäre Woodstock Festival den Duerchbroch gegléckt. Den Joe Cocker huet no villen Alkohol- an Drogenexzesser an de 70er Joeren Ugans der 80er d’Kéier kritt. Fir Säin Hit „Up Where We Belong“ mam Jennifer Warnes, huet hien 1983 e Grammy kritt. Den Joe Cocker huet gréisstendeels Lidder gecovert. Hien ass un de Suite vu Longekriibs verstuerwen.

Gebuertsdag huet haut d’Meghan Trainor. Der Sängerin ass am leschte Joer den Duerchbroch gegléckt mam Hit “All About That Bass”. D’Meghan Trainor gëtt haut 22 Joer jonk.