Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

“Another Day in Paradise” vum Phil Collins sollt haut viru 26 Joer zu engem Number One Hit an de US Single Charts ginn. Fir de Phil Collins, deen an dësem Joer e Comeback ugekënnegt huet, war et de 7. US Number One Hit. D’Lidd gouf deemools vum him geschriwwe fir op d’Problematik vun de Leit déi op der Strooss liewen Opmierksam ze maachen.

Um Enn vum Joer gëtt gäre mol gekuckt, wei eng Museker am Joer di meeschte Suen duerch hir Tour verdéngt hunn. Virun 8 Joer sollten dat The Police sinn. Ronn 132 Milliounen Dollar hu se op hire 54 Concerten a Nordamerika verdéngt. E Country Star, de Kenny Chensney sollt hallef esou vill aspillen an op der 2 Plaz kommen.