Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Di deemoleg Koppel Jennifer Lopez a Puffy Daddy sinn haut viru 16 Joer zu Manhatten verhaft ginn. An hirem Auto war eng Waff fonnt ginn. Kuerz virdrun gouf et an engem Club eng Schéisserei. Di 2 konnten hir Onschold awer relativ séier beweisen.

Kuerz no sengem 19 Gebuertsdag sollt sech dem Taylor Swift säin 2. Studio Album „Fearless“ haut virun 7 Joer fir 7 Wochen op d’Plaz 1 vun den US Album Charts setzen. Deemools bei eis nach éischter onbekannt, war d’Pop a Country Sängerin an den USA schonn e mega Star. „Love Story“ war déi éischte Single vum Album a sollt sech méi wei 8 Millioune mol verkafen. Haut schätzt de Magazin Forbes dem Taylor säi Wäert op 220 Milliounen Dollar.

Number One haut viru 2 Joer an den däitschle Single Charts fir „Timber“ vum Pitbull an dem Ke$ha. D’Lidd sollt sech 3 Wochen op der 1 halen.

D’Sängerin vun Paramore, d’Hayley Williams kritt haut 27 Joer. Mat senger Band huet hat am Joer 2010 um Rock a Field Festival zu Lëtzebuerg gespillt. Mat „Airplanes“ hat hat och e groussen Hit un der Säit vum B.O.B.