Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

“For those About To Rock We Salute You” ass en AC/DC Hit dee bei hire Live-Optrëtter net feelen dierf, ma den Album zum Lidd, mam nämmlechte Numm, ass och haut viru 34 zu engem Number One Hit an den US Album Charts ginn. Den Album sollt sech 3 Woche ganz uewen halen. Et war de 7 Album vun den Australier.

Haut ass den Doudesdag vum US Soul, R&B a Funk Sänger Curtis Mayfield. Hien ass am Joer 1999 am Alter vu nëmme 57 Joer un de Suite vun Diabetis verstuerwen. Schonn am Joer 98 huet him missen e Been amputéiert ginn. 99 huet hie sech net méi vill an der Ëffentlechkeet konnte weisen. Hien krut am Joer 95 e ganz besonnesche Grammy. Den „Lifetime Achievement Award“ fir ganz kreativ a besonnesch Opnahmen a senger Karriere. De Mayfield huet sech a sengem Liewe vill fir d’Gläichberechtegung agesat gehat.

Et ginn haut um 2. Chrëschtfeierdag 8 Joer dat dem Amy Winehouse säin 2. Album „Back to Black“ als bescht verkaaften Album vum Joer 2007 ausgezeechent gouf. Den Album ëm d’Lidder „Rehab“ a „Back to Black“ huet 5 mol Platin kritt, sech 1,5 Millioune mol verkaf a war fir sechs Grammye nominéiert. 1 Grammy sollt d’Amy Winehouse um Ënn gewannen.

Gebuertsdag huet haut den Jared Leto. De Sänger vu 30 Seconds to Mars kritt haut 44 Joer.