Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

De 6 Studio Album vun den Eagles huet haut viru 39 Joer di éischt vun 8 Wochen um Stéck op der Plaz 1 vun den US Billboard Charts verbruecht. Den Album mam Titel „Hotel California“ sollt en absoluten Hit mam nämmlechte Numm ervir bréngen. D’Lidd „Hotel California“ sollt net nëmmen en Hit ginn deen haut nach leeft, ma och de Grammy an der Kategorie „Single of the Year“ gewannen. Den Album huet sech bis haut iwwer 32 Millioune Mol verkaf.

Haut ginn et 27 Joer dat Nirvana hiren eichen Album „Bleach“ opgeholl hunn. Si hu sech deemools vun engem Schoulkolleg 600 $ geléint gehat, fir den Album iwwerhaapt kennen opzehuelen.

A Gebuertsdag huet haut de Ricky Martin. De „Livin’ La La Vida Loca“ Sänger kritt haut 40 Joer.