Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Dem Bing Crosby säi “White Christmas” ass haut viru 61 Joer fir d’11 Kéier an d’Billboard Charts erageklommen a natierlech nees op d’Plaz Nummer 1. D’Lidd gëlt bis haut als meeschtverkaafte Single op der Welt a steet dofir am Guinness Buch vun de Rekorder. ET ass Original 1942 eraus komm a packt et esou guer haut nach an d’Charts.

De 25. Dezember ass den Doudesdag vun de Musekslegenden Dean Martin an James Brown. Den Dean Martin ass am Joer 95 am Alter vu 78 Joer un de Suite vu Longekriibs verstuerwen. Den James Brown ass am Joer 2006 op Chrëschtdag verscheed. De „Godfahter of Sould“ ass 73 Joer al ginn. En Zänndokter hat säi ganz schlechte Gesondheetszoustand den 23. Dezember bemierkt an huet hien an d’Spidol geschéckt. Um 25.12.2006 huet säin Herz am Spidol opgehale mat schloen.

Bei eisen Noperen aus Däitschland ass d’Keri Hilson haut viru 6 Joer op d’Plaz 1 vun de Single Charts geklommen. Säin Hit „I Like“ sollt sech 1 Woch un der Spëtz halen. D’Lidd war drop op sengem Debütalbum „In a Perfect World“. Produzéiert gouf den Album gréisstendeels vum Timbaland. Vill ass zanterhier net méi vum Keri Hilson nokomm.