Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Number One haut virun 31 Joer vun de UK Single Charts fir de Band Aid Song “Do They Know It’s Christmas?”. Zäitgläich stoung d’Madonna an den USA op der Plaz 1 vun de Single Charts mat sengem Hit “Like A Virgin”. D’Lidd war um Madonna sengem 2. Album mam gläiche Numm drop. Et sollt dem Madonna säin éischte Nummer 1 Hit an de US-Billboard Charts ginn.

3 Frettecher, genannt Beckham, Posh Spice a Baby Spice sinn haut viru 16 Joer zu de Retter vum Neijoersconcert am Londoner Greenwich Park ginn. De Wues huet net dierfe beschiedegt ginn, ma d’Aarbechter hu misse Kabelen ënnert der Wiss  duerch e Schacht leeën. Dat war mat Stange net méiglech. Do sinn déi 3 Frettecher mat de Spice Girls Nimm an den Asaz komm. D’Kabele goufen hinnen ugehaangen, si sinn op der enger Säit an den Tunnel gesat ginn mam Geroch vun Iessen vum Ausgang ugelackelt ginn. D’Frettecher goufe gutt gefiddert an d’Aarbeschter fir hir Kreativitéit gelueft.

9 Joer ass et haut hier dat d’Nelly Furtado mat sengem “All Good Things” op d’Plaz 1 vun den däitschen Single Charts geklommen ass. Den Hit vun der kanadescher Sängerin ass drop um Nelly Furtado sengem 3. Studio Album Loose, dee sech iwwer 10. Millioune mol weltwäit verkaf huet an 2006 zu den Top Albe vum Joer gezielt huet. Um Song „All Good Things“ huet nieft dem Timbaland och de Chris Martin vu Coldplay geschriwwe gehat.