Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Haut ginn et 42 Joer dat di australesch Band Ac/Dc eng éischte Kéier Live opgetrueden ass. Si hunn zu Sydney an der Chequers Bar e Sylvesterconcert gespillt. Et sollt den Ufank vun enger grousser Rock Carrière sinn.

Den déngschteelste kommerzielle Radio an Europa ass ass an der Nuecht vum 30 op den 31 Dezember 92 um Punkt Mëtternuecht vun der Antenne gaangen. Radio Luxembourg huet 62 Joer lang vu Lëtzebuerg a grouss Deeler vun Europa gesent. Duerch d’Emissiounen an englescher Sproch huet Radio Luxembourg och op der Insel grouss Popularitéit erreecht gehat.

An de Südkoreanesche Sänger a Rapper Psy kritt haut 38 Joer. Hien hat am Joer 2012 e mega Hit mat sengem Gangnam Style.