Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

49 Joer ass et haut um éischte Januar hir dat den Duo Simon and Garfunkel fir 2 Wochen op d’Plaz 1 vun de US Charts geklommen ass. Hire Song „The Sound of Silence“ gehéiert zu deene Lidder déi et and d’Grammy Hall of Fame gepackt hunn an domat zu de bedeitendste Lidder vun alen Zäite gëllen.

E Radiosender aus dem US Bundesstaat Florida huet haut viru 26 Joer 24 Stonne laang „Stairway to Heaven“ vu Led Zeppelin gespillt. Um 1 Januar 1990 sinn si den éischte renge Led Zeppelin Radiosender ginn. 2 Woche laang hu se just Hits vun der Band gespillt, duerno hu si hier d’Konzept geännert an och weider Rock Klassiker gespillt.

D’Aura Dione ass haut viru 5 Joer fir eng Woch un d’Spëtz vun den däitsche Single Charts geklommen. E gudde Start an d’Museksjoer fir di dänesch Sängerin, ëm déi et roueg ginn ass an de leschten 3 Joer. D’Single „ I Will Love You Monday (365)“ war um Aura Dione sengem Debütalbum “Columbine“ drop a sollt ënnert anerem an Däitschland Platin kréien.

A Gebuertsdag huet haut de Shahid Khan. Mir kennen hien ënnert sengem Kënschtlernumm Naughty Boy. Hie kritt 31 Joer.