Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Guns’N’Roses sinn haut viru 23 Joer un d’Spëtz vum Eldoradio Chartbreaker geklommen. Hiren Hit “Yesterdays” war um Album “Use Your Illusion II” drop, dee parallel zum Album “Use Your Illusion I” am September 1991 eraus komm ass. Um Album “Use Your Illusion II” war och den Hit “Knockin’ on Heaven’s Door” drop. “Yesterdays” war den 3. Release vum Album an huet et an de US Billboard Charts just op d’Plaz 72 gepackt.

“American Idiot” vu Green Day ass viru genau 11 Joer op d’Plaz 1 vun de UK Album Charts geklommen. Den Album sollt fir 7 Grammy’e nominéiert ginn. Dovun huet d’Band ëm de Sänger Billie Joe Armstrong de Grammy fir de Beschte Rock Album vum Joer 2005 gewonnen. Um Album drop sinn d’Hits „American Idiot“, „Boulevard of Broken Dreams“, „Holiday“ a „Wake Me Up When September Ends“.

Um 2 Januar 2007 hunn d’Brite bekannt ginn, dat de Gnarls Barkley Hit “Crazy” de meeschtverkaaften Song vum Joer 2006 war. Ronn 700.000 mol huet sech d’Lidd verkaf gehat. „Crazy“ huet et och op d’Plaz 1 vun den Download Charts gepackt. 2009 hunn d’Amerikaner matgedeelt, dat AC/DC déi Band war, déi am Joer 2008 sech am beschte Verkaf hat. Ronn 3,4 Millioune Singlen an Alben vun AC/DC goufen verkaf.