Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

D’Aretha Franklin ass haut viru 29 Joer als éischte Fra iwwerhaapt an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn. D’Tina Turner, d’Janis Joplin, d‘Madonna a vill weider Sängerinne sollten dem Aretha Franklin dat an de Joeren duerno no maachen.

Als „Neighbours From Hell“ sinn haut viru 14 Joer d’Gebridder Gallagher ausgezeechent ginn. E Britescht Magazin hat seng Nolauschterer gefrot, wéi eng Stare si op kee Fall wéilten als Noper hunn. D’Resultat war relativ eendeiteg. 40 Prozent hu sech fir d’Gebridder Gallagher entscheed.

Gebuertsdag huet haut den Thomas Bangalter. De franséische Elektro-Museker ass déi eng Halschent vum Duo Daft Punk. Hie kritt 41 Joer.