Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

D’US Billboard Charts feieren haut Gebuertsdag. Viru genau 80 Joer, um 4 Januar 1936 hu si hir éischten Chartlëscht op der Basis vun de Verkafszuelen an de Airplays vun de Radiostatioune verëffentlecht. Déi éischte Number One iwwerhaapt war de Song „Stop! Look! Listen!“ vum Joe Venuti a sengem Orchester.

Doud opfonnt gouf haut virun 11 Joer den AJ Aballah. E Mann deen ee net kenne muss, ma den AJ Aballah huet dem Eminem et am Joer 2000 erméiglecht gehat säin Album “The Real Slim Shady” opzehuelen. D’Opnahmen hunn a sengem Studio stattfonnt gehat. Dee Studio aus der Eight Mile Road, der Strooss, déi den Eminem inspiréiert hat säi Kinofilm aus dem Joer 2002 „8 Mile“ ze nennen.

An d’Beyoncé huet sech haut virun 8 Joer an enger Plagiatsaffaire viru Geriicht konnten duerchsetzen. 2 Joer laang gouf virun engem Geriicht an Texas diskutéiert op säin Hit „Baby Boy“ vum Jennifer Armour geklaut wier. Dat lescht genannten huet viru Geriicht behaapt gehat am Joer 2000 dem Beyoncé sengem Manager e Song mam Numm „I Got a Little Bit of Love For You“ geschéckt ze hunn. Dat Lidd wat d’Beyoncé, laut dem Armor am Joer 2003 eraus bruecht huet.