Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Den drëtte  Studio Album vu No Doubt sollt haut viru 19 Joer op d’Plaz 1 vun de US Album Charts klammen. Iwwer 16 Millioune Mol huet sech de Longplayer mat de Singlen „Just a Girl“ an “Don’t Speak” weltwäit verkaf. D’Band ëm d’Sängerin Gwen Stefani war mat dem Album "Tragic Kingdom"  fir 2 Grammy’e nominéiert.

Number One an de UK Album Charts haut virun 13 Joer fir den éischten Album vum Avril Lavigne. „Let Go“ war den Titel vum Debutalbum vun der Kanadierin. „Complicated“ war d’Debutsingle. Déi huet genau esou gutt ageschloen wéi säin 2 Track „Sk8ter Boi“. 10 Joer nom Release, also am Joer 2013 hat sech den Album weltwäit iwwer 20 Millioune mol verkaf.

De freiere Sänger vu Queen, de Freddie Mercury hätt haut Gebuertsdag gehat. Et wier säin 70 Gebuertsdag gewiescht, ma de britesche Sänger ass um 24 November 1991, am alter vu 46 Joer un de Suite vun Aids verstuerwen.