Haut op engem 7. Dezember...

„Walking on The Moon“ vun The Police sollt haut virun 39 Joer zur 1 an de Uk Ginn. Et war déi 2. Nummer 1 Single a Groussbritannien fir d Band ronderëm de Sting. De Song war op hirem 2. Album drop. De Clip zum Song gouf um Kenndy Space Center a Florida gedréint.

Et ass dann haut 11 Joer hier dat den Atelier e Maroon 5 Concert an der Rockhal presentéiert huet. D’Museker ëm den Adam Levine haten dee Moment hiren 2. Album „It Won’t Be Soon Before Long“ mat Lidder wéi “Wake Up Call” a “Makes Me Wonder” dobaussen. Natierlech hu si och d’Lidder aus hirem staarken Debutalbum “Songs About Jane” gespillt. Sief dat „This Love“ oder „She Will Be Loved“. 15 Lidder stoungen op der Setlescht, dorënner war och dem Phil Collins säin “In the Air Tonight”.

An de Spice Girls Debutalbum “Spice” mat “Wannabe” drop, stoung haut virun 22 Joer an de UK op der 1 vun den Charts. E sollt sech 8. Woche ganz uewen halen. A 27 Länner sollt de Longplayer Platin kréien, sech 1997 esou guer 19 Millioune mol verkafen, wat absolute Spëtzewäert vun dem Joer war. Nach haut zielt en zu den erfollegräichste vun allen Zäiten.