Haut op engem 10. Dezember...

10. US Nummer 1 Hit fir de Michael Jackson an de 29. Fir de Paul McCartney. Haut viru 35 Joer si béid mat hirem „Say Say Say“ op d’1 geklommen. Béid Museker a Frenn hate schonn am Song “The Girl is Mine“ zesumme geschafft. Dee war um Jackson sengem Album „Thriller“ drop, dowéinst ass „Say Say Say“ um Paul McCartney sengem Album „Popes of Peaces“ gewiescht. De Song soll dem McCartney no spontan entstane sinn. Hien huet e puer Téin op der Gittar gespillt an den Jacko einfach ugefaange mat sangen. E Nummer 1 Hit ass d Resultat gewiescht.

Vum Eminem an dem Dido stoung „Stan“ haut virun 18 Joer op der 1 a Groussbritannien. De Song sollt an 11 Länner zur 1 ginn a ganz am Ufank dem Dido säin „Thank You“ samplen. An Däitschland ginn et 34 Joer dat Duran Duran mat „Wild Boys“ fir 4. Wochen zur 1 gi sinn!

Da sollt d’Katie Melua haut viru 5 Joer zu Lëtzebuerg an der Rockhal spillen. An et ass 2 Joer hier, dat déi ganz Geschicht mam Bob Dylan gewiescht, dee seng Texter net als Nobelpräiswirdeg gehalen huet, dee Präis awer sollt kréien. Dat ginn haut 2 Joer, ma de Museker war net do fir de Präis perséinlech entgéint ze huelen. Um Enn war et e Gedeessems bis de Präis beim Museker ukomm ass.