Haut op engem 11. Dezember...

40 Joer ass et haut hier dat “Y.M.C.A” bei eisen däitschen Noperen an den Charts fir 4. Wochen zur 1 ginn ass. De Song sollt den erfollegräichste vun de Village People ginn. Am Joer 2009 hunn an den USA 44.000 Leit op de Song gedanzt. Zanterhier steet d’Lidd am Guinness Buch vun de Rekorder

E Joer virdrun, also am Joer 1977 sollten The Bee Gees hiren „Stayin‘ Alive“ erausbréngen.  De Song zielt haut zu de 500 gréisste vun allen Zäiten. Réischt am Februar duerno, also am Februar 78 sollt de Song zur 1 an den Charts ginn.

8 Joer ginn et haut dat d'Pink fir 1. Woch an den USA zur 1 ginn ass. Säi Song vun deemools: „Raise Your Glass“.  De Song war nieft „Fuckin’ Perfect” ee vu 4. Neien Tracks um Pink sengem „Greatest Hits… So Far!!!” Album, deen am November 2010 erauskomm ass.